hoplr verlagert de Fokus vum Individuum op déi lokal Gemeinschaft. Iwwer hoplr kritt Dir en einfachen Zougang zum soziale Kapital an Ärer Noperschaft, wéi Material, Wëssen, Zäit, Fräiwëlleger an Infrastruktur. Mir wëllen d'Kraaft vum Kollektiv notzen, fir déi gesellschaftlech Erausfuerderunge vu muer ze anticipéieren, z. B. Alginn, Noperschaftshëllef, Inklusioun a Biergerbedeelegung. Nëmmen esou kënne mir eis zu méi enger solidarescher an nohalteger Gesellschaft weiderentwéckelen.
hoplr bitt Lizenze fir Parteien, déi am ëffentleche Secteur täteg sinn. Dës Organisatioune kënnen e (käschteflichtegen) Service-Dashboard benotzen, fir iwwer Noperschaftsaktivitéiten, noperschaftsorientéiert Kommunikatioun a Biergerbedeelegung um Lafenden ze bleiwen. Op dës Aart a Weis ginn d'Biergerinnen a Bierger iwwer pertinent Eventer, Servicen oder Projeten informéiert. Extern Parteien hu keen Zougang zu Noperschaftsmessagen tëschent Bierger. Ausserdeem erlaabt hoplr nëmmen extern Parteien, déi de Bierger en net-kommerziellen Notze bréngen.
Eng Noperschaft, an där ee sech ënnerenee kennt, ass vill méi schéin! Leet en Chat-Grupp un, fir e Lafgrupp, e Stroossefest oder d'Noperen aus Ärem Gebai.
Dir sidd op der Sich no engem Blechschléier oder enger zouverlässeger Hëllef? Är Noperen hëllefen Iech gär mat hire Recommandatiounen.
Dir sidd e Bricoleur, mee Dir hutt net all d'Material, dat Dir braucht? Vläicht kann ee vun Ären Noperen hëllefen.
Wielt eng Aktivitéit, déi Är Noperen zesummebréngt. Berot Iech mat Ären Noperen a wielt en Termin aus, dee fir jidderee passt.
Bréngt Leit, déi Hëllef sichen oder Ënnerstëtzung brauchen, mat Fräiwëllegen oder Noperen zesummen.
D'Gemengen hu keen Zougang zu de Gespréicher an der Noperschaft, mee se kënne Messagë posten, déi interessant fir d'Noperschaft sinn (z. B. Baustellen, Belästegung, Sécherheet asw.).
* D'Gemengen hu keen Abléck an Är Noperschaft
Alle Daten werden im Einklang mit der europäischen Datenschutzgesetzgebung gesichert und geschützt. Siehe auch unsere Verantwortungsvolle Offenlegung.
In Zusammenarbeit mit ICTRecht.
Op Facebook ënnerhält ee sech mat Kolleegen, op Instagram kuckt ee sech Fotoen un an op hoplr erreecht ee seng Noperen.
hoplr ass eng Méiglechkeet, déi verschidde Gemenge benotzen, fir den Ecart zu de Bierger ze reduzéieren. hoplr ass e soziaalt Netzwierk fir Noperschaften.
Gemeinschafte spillen eng wichteg Roll an dat wäert sech net änneren. Dofir denke mir bei all Entscheedung, all Verännerung an all Opportunitéit fir d'éischt un d'Valeur ajoutée fir d'Noperschaft an hir Residenten.
Mir beméien eis, hoplr fräi vu Reklammen ze halen. Eise Geschäftsmodell berout op wäertvoll Partnerschafte mat Gemengen, Versuergungsbetriber an der lokaler Bevëlkerung. Esou bleiwen all d'Messagen an der Noperschaft relevant, interessant a virun allem fräi vu Reklammen.
De Schutz vu perséinlechen Donnéeën ass eis gréisst Verantwortung. hoplr ass dofir konform mam europäeschen Dateschutzreglement (GDPR). Mir verkafen ënner kengen Ëmstänn perséinlech Donnéeën.
hoplr ass mat kenger politescher Partei oder aneren Interessevertrieder verbonnen a muss kenger externer Partei Rechenschaft ofleeën. Mir respektéiere jidderengem seng Meenung a wäerten eis eege weeder ausdrécklech nach implizitt äusseren.
Eisen Dram ass et, datt all d'hoplr-Nopere sech am richtege Liewen treffen, hëllefen a kenneléieren. Mir gleewen drun, datt een als Gemeinschaft am meeschten Afloss huet.. Dofir organiséiere mir ëmmer nees Aktivitéiten a ginn Tipps fir sozial Kontakter baussent der Plattform.